Nom Regierungsrot haten de Premier an d'Gesondheetsministesch d'Press iwwer d'Aarbecht vun der Regierung informéiert.

Am Regierungsrot vun e Freide sinn de Premier an d'Gesondheetsministesch virun allem op d'Impfcampagne agaangen.

Ronn 52 Prozent vun de Persounen iwwer 18 kruten eng éischt Impfdosis

Dem Premier no, géif ee gesinn, dass d'Impfunge wierklech effikass wieren. Bei deenen Alterskategorien, déi vollstänneg géint de Covid-19 geimpft goufen, géif de Positivitéits-Taux tëscht 0,1 an 0,3 Prozent leien. Ausserdeem géif d'Zuel vun den Neiinfektiounen sech bei de geimpfte Leit an engem ganz nidderege Bräich beweegen. Bis en Donneschdeg den Owend goufe 466.140 Dosissen op Lëtzebuerg geliwwert. Domadder kéinten 239.570 Persoune geimpft ginn. Bis ewell goufen dann hei am Land 423.119 Dosisse vun deene verschiddene Vaccinë gesprëtzt. Ronn 263.000 Leit kruten eng éischt a ronn 160.000 eng zweet Dosis vun engem Vaccin. Bis ewell krute ronn 52 Prozent vun de Persounen iwwer 18 Joer eng éischt Impfdosis.

Den Duerchschnëttsalter vun de Leit, déi bis ewell geimpft goufen, läit bei 56 Joer. Dës Woch kruten d'Leit am Alter tëscht 39 an 33 Joer hir Invitatioune fir d'Impfe geschéckt. Et wier een optimistesch, dass déi éischt Invitatioune fir Leit ënner 30 Joer deemnächst verschéckt géife ginn.

Bis de 5. Juli sollen 131.040 Dosisse vum Vaccin vu BioNtech-Pfizer op Lëtzebuerg geliwwert ginn. Vum Impfstoff vun AstraZeneca solle bis Enn Juni 39.800 Dosissen ukommen. Bei Moderna sollen et der bis de 15. Juli 32.500 a bei Johnson & Johnson bis Enn Juni 12.000 sinn.

Leit iwwer 18 kënnen sech melle fir mat AstraZeneca oder Johnson & Johnson geimpft ze ginn

An engem optimisteschen Zenario kéinten d'Leit iwwer 18 Joer hir éischt Invitatioun fir geimpft ze ginn bis de 15. Juli geschéckt kréien. Wann manner Dosissen, ewéi virgesinn, geliwwert géife ginn, wier dat éischter Enn Juli de Fall.

Da war et d'Nouvelle, dass Leit iwwer 18 Joer sech vun e Samschdeg dem 12. Juni un op 2 Waardelëschten aschreiwe kënnen. Eng fir sech fräiwëlleg mam Vaccin vun AstraZeneca an Eng fir sech fräiwëlleg mam Impfstoff vun Johnson & Johnson impfen ze loossen. Esoubal een eng Invitatioun fir mat engem vun dëse Vaccinë geimpft ze gi kritt, an Dës unhëlt, verfält den Antrag op där anerer Lëscht automatesch.

Vun e Samschdeg de Mueren u soll et da méiglech sinn sech um Site www.impfen.lu anzeschreiwen. D'Ouverture vun de Waardelëschte fir Leit ënner 18 Joer, géifen dem Staatsminister no eng Partie Saachen erméiglechen. Wat méi Leit, sech op dës Lëschten androe géifen, wat méi Dosisse vu BioNtech-Pfizer iwwereg bleiwe géifen. Dat géing et ënner anerem erlaben, dass Jonker tëscht 12 an 18 Joer éischter geimpft kéinte ginn. De Moment ass Dësen nämlech deen eenzegen Impfstoff, bei deem déi europäesch Medikamentenagence den Asaz bei Leit an dësem Alter accordéiert huet. Ausserdeem géifen dës Lëschten et erlaben, dass déi Persounen, déi hiren éischte Rendezvous fir geimpft ze gi verpasst hunn, sech nach eng Kéier fir e Rendezvous umelle kéinten.

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert ass iwwerdeems méi genee op d'Méiglechkeet och déi Jonk am Alter vun 12 bis 17 Joer impfen ze loossen agaangen. Aktuell ass dat an der EU nëmme mam Vaccin vu BioNTech-Pfizer méiglech. Nodeems de Conseil Supérieur Des Maladies Infectieuses sech dem Avis vun der Europäescher Medikamentenagence, dass den Impfstoff vu BioNtech-Pfizer bei de Jonken an dësem Alter kann agesat ginn, ugeschloss huet, soll et an noer Zukunft méiglech sinn, dass och si géint de Virus geimpft ginn. Dat well och Kanner a Jugendlecher zu der Verbreedung vum Virus bäidroe géifen. Wéi et vun der Ministesch geheescht huet géifen si mëttlerweil en Drëttel vun den aktiven Infektiounen ausmaachen. Och wann de Risiko vu Komplikatioune bei jonke Leit geréng wier, géifen si net komplett virun Dëse verschount bleiwen. Esou wieren am Laf vun der Pandemie 7 Leit, déi manner ewéi 18 Joer haten, no enger Infektioun hospitaliséiert ginn. 4 Kanner hätten iwwerdeems missen op enger Intensivstatioun behandelt ginn.

Ausserdeem huet de Conseil Supérieur Des Maladies Infectieuses säin Avis zu der Fro, ob Persounen, déi schonn eng Infektioun mam Coronavirus iwwerstanen hunn, schonn no enger Impfdosis als geimpft gëlle sollen, ginn. Och hei war den Avis favorabel. Deemno wäerte Leit, déi de Virus schonn haten elo no enger Impfung als vollstänneg geimpft gëllen. Si kënnen awer weiderhin och eng zweet Dosis kréien. Dat gëtt virun allem Leit mat enger erhéichter Vulnerabilitéit recommandéiert. Generell ass d'Recommandatioun déi, dass Leit, déi scho mam Virus infizéiert waren, no enger Infektioun 4 Woche waarde solle bis si sech impfe loossen.

D'Ministesch ass dann och op déi Leit agaangen, déi schonn eng Kéier mam Virus infizéiert waren an och schonn eng ésicht Dosis vun enger Impfung kruten. Si wäerten hiren Certificat, dass si vollstänneg geimpft goufen net automatesch kréien. Hei géif vu Fall zu Fall gekuckt ginn, ob si als geimpft gëlle kënnen. Leit, déi an deem Fall sinn, si gebieden sech iwwer d'Hotline 247 65 533 bei der Santé ze mellen.

Upassunge beim Large-Scale-Testing

Weiderhin war et d'Nouvelle, dass et zu Changementer am Fonctionement vum Large-Scale-Testing komme wäert. Vum 20. Juni un wäerten alleguerten déi Leit, déi nach geimpft goufen oder nëmmen eng Dosis kruten sech online e Rendezvous fir de Large-Scale-Testing huele kënnen. Dat soll hinnen d'Méiglechkeet ginn, fir am Fall vun engem negativen Test vun den Oplockerunge vun de Mesurë profitéieren ze kënnen. Dëse System soll déi nächst Wochen a Méint en Place bleiwen.

Hei kënnt dir de Pressebriefing nach eng Kéier kucken:

Hei fannt dir Detailer zu der Umeldung fir déi fräiwëlleg Impfung mat AstraZeneca oder Johnson & Johnson:

Procédure mise en place pour résidents âgés de 18 ans et plus souhaitant se faire vacciner avec le vaccin AstraZeneca ou/et Johnson & Johnson (11.06.2021)

Communiqué par: ministère d'État / ministère de la Santé

Comme décidé lors du Conseil de gouvernement en date du 11 juin, les personnes âgées de 18 ans et plus pourront s’inscrire en ligne sur une liste d’attente et y manifester leur intérêt de se faire vacciner volontairement contre la COVID-19 avec les vaccins Vaxzevria (anciennement AstraZeneca) ou/et Johnson & Johnson (Janssen).

Cette liste sera ouverte en cours de matinée du 12 juin. Toute personne intéressée pourra s’y inscrire via www.impfen.lusoit sur une des deux listes, soit sur les deux listes (la 1re invitation annule d’office la 2e inscription). Les personnes inscrites sur cette liste recevront une invitation selon la date d’inscription (selon le principe du premier arrivé, premier servi) et en fonction de la disponibilité des vaccins Vaxzevria et Johnson & Johnson. 

Cette possibilité est offerte, afin de permettre surtout à une population plus jeune de se faire vacciner dans un délai plus avancé, ainsi qu’aux personnes qui n'ont pas donné suite à leur invitation ou qui ont changé d'avis entre-temps, de se faire vacciner.