Ënner anerem goufen d'Meenunge vun enger Partie Associatiounen, déi sech fir LGBTQ-Rechter asetzen, ageholl.

D'Analys iwwer d'Aféierung vun engem drëtte Geschlecht am Etat civil ass den Ament nach am Gaangen. Dat äntwert d'Justizministesch Sam Tanson op eng parlamentaresch Fro vun der Deputéierter Carole Hartmann vun der DP. Wéi et vun der Ministesch heescht, géif d'Analys entspriechend de Termen, déi am Koalitiounsaccord festgehale goufen, duerchgefouert ginn.

An enger éischter Phas gouf déi rechtlech Situatioun vun den Transgender a verschiddenen europäeschen an an anere Länner analyséiert a verglach. Ausserdeem goufen déi entspriechend Resolutioune vum Europarot a vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter analyséiert.

Zu Lëtzebuerg goufen ausserdeem d'Meenunge vun enger Partie Associatiounen, déi sech fir LGBTQ-Rechter asetzen, ageholl. Dorënner ënner anerem "Rosa Lëtzebuerg" an "ITGL Intersex & Transgender Luxembourg asbl". Schliisslech ginn et den Ament Echangen mat Länner, wéi Däitschland a Malta, an deenen déi rechtlech Situatioun géigeniwwer der Aféierung vun engem drëtte Geschlecht favorabel ass.