Iwwert dës Insele soll de Stroum, dee vu Wandkraaft-Anlage produzéiert gëtt, an dat europäescht Stroumnetz agespeist ginn.

Lëtzebuerg an Dänemark hunn decidéiert hir Kooperatioun am Domaine vun der Energieproduktioun mat Hëllef vun der Wandkraaft ze verdéiwen. Wéi de Ministère fir Energie a Landesplanung e Freiden an engem Communiqué matdeelt wäerte béid Länner zesummeschaffe fir déi éischt kënstlech Inselen am Domäne vun der Energieproduktioun aus Wandkraaft ze produzéieren an ze exploitéieren. Dës Insele wäerte virun der dänescher Küst am Mier stoen a mat honnerte vu Wandkraaft-Anlagen, déi och am Waasser stinn, verbonne sinn. Wéi et am Communiqué heescht, wier dëse Projet eng wichteg Etapp fir dat europäescht Zil vun der Klimaneutralitéit bis zum Joer 2050 ze erreechen.

Am Telefonsinterview mat Eldoradio huet den Energieminister Claude Turmes eng Rei Prezisiounen zu dësen Inselen an där hirer Exploitatioun ginn:

Den Ament ass eng esou eng Insel geplangt. Op Dëser soll kee Stroum produzéiert ginn. Dës Inselen erfëllen eng Partie aner Zwecker. Als éischt, sollen Aarbechter, déi sech ëm d'Maintenance vun de Wandkraaft-Anlage këmmeren op dëser Insel liewe kënnen. Dat soll d'Käschten, déi duerch d'Maintenance vun den Anlagen entstinn, däitlech reduzéieren. Weiderhi soll de Stroum, dee vun de Wandkraaft-Anlage produzéiert gëtt op dëser Insel gespäichert an duerno an dat europäescht Stroumnetz agespeist ginn. D'Insel wäert dowéinst mat Kabele mam europäesche Festland verbonne sinn. Ee vun de Kabele soll mam dänesche Festland an Ee Weidere mam hollännesche Festland verbonne sinn. Ausserdeem géif een den Ament doriwwer nodenken en Deel vum Stroum ze notze fir op der Insel nohaltege Waasserstoff ze produzéieren.

Den Energieminister Claude Turmes iwwer déi verschidden Zwecker vun de kënstlechen Inselen.

Iwwer dës Insel soll dann annerhallef mol esou vill Stroum, ewéi am Atomkraaftwierk vu Cattenom produzéiert gëtt, an dat europäescht Stroumnetz agespeist kënne ginn.

Den Energieminister iwwer d'Quantitéit vu Stroum, déi iwwer d'Insel kann an dat europäescht Stroumnetz kann agespeist ginn.

Am Fall vu Lëtzebuerg kéinten sech ausserdeem eng Partie Firmen um Bau, respektiv der Exploitatioun vun der Insel bedeelegen. Esou géif Arcelor-Mittal dem Minister no speziell Wänn, déi ee fir de Bau vun esou enger Insel bräicht, produzéieren. Iwwerdeems hätt eng Firma, där hire Sëtz zu Mamer ass, schonn eng Rei kënschtlech Insele virun der Küst vun Dubai gebaut.

Eng Partie Lëtzebuergesch Firme wäerten sech um Bau, respektiv der Exploitatioun vun der Insel bedeelege kënnen.

Beim zoustännegen dänesche Ministère wier et d'Zil, dass dës Insel bis spéitstens 2028 fäerdeg gebaut wier. Vu Lëtzebuergescher Säit wéilt een op Jiddwerfalls un dësem Projet matschaffen.

Bis 2028 soll déi éischt Insel fäerdeg gebaut sinn.

De Lëtzebuergesche Staat wäert sech awer net direkt um Bau vun der Insel bedeelegen. Dëse géif komplett vun Dänemark iwwerholl ginn. Lëtzebuerg wéilt sech virun allem um Stroum, deen iwwer dës Insel an dat europäescht Stroumnetz agespeist gëtt, bedeelegen. Ausserdeem wéilt een de Kontakt tëscht de Lëtzebuerger Firmen, déi beim Bau, respektiv der Exploitatioun vun dëser Insel matmaache kéinten an dem dänesche Klima- an Energieministère hierstellen.

De Bau vun der Insel géif komplett vun Dänemark iwwerholl ginn.

Liest hei de Communiqué vum Ministère:

Le Luxembourg et le Danemark coopèrent pour réaliser les premières îles énergétiques au monde (11.06.2021)

Communiqué par: ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du territoire

Le Luxembourg et le Danemark ont décidé de renforcer leur coopération dans le domaine de l'éolien offshore, en réalisant les premières îles énergétiques au monde. Ces îles artificielles au large de la côte danoise seront reliées à des centaines d'éoliennes offshore et fourniront de l'électricité verte pour couvrir les besoins en électricité de millions de ménages européens. Le Luxembourg confirme ainsi son engagement en faveur de l'éolien offshore, et suit ainsi l’exemple de nombreux autres pays sans littoral.

Il s'agit d'une étape essentielle pour atteindre l’objectif européen de neutralité climatique d'ici 2050, car les îles énergétiques permettront de produire de l'énergie renouvelable à une échelle jamais vue auparavant, accélérant ainsi l'élimination progressive des combustibles fossiles en Europe.

«Le Danemark et le Luxembourg sont engagés dans la transition énergétique verte de l'Europe. Aujourd’hui, nous faisons un grand pas en avant, en renforçant la coopération pour développer et connecter les premières îles éoliennes offshore au monde. Cela permettra d'augmenter considérablement la production d'énergie renouvelable et de promouvoir l’hydrogène vert, qui aide à décarboniser des secteurs comme le transport lourd et l'industrie dans de grandes parties de l'Europe», déclare Dan Jørgensen, ministre danois du Climat, de l’Énergie et des Services publics.

«L'éolien en mer jouera un rôle important dans la sécurité d'approvisionnement du réseau électrique d'Europe occidentale. Je suis heureux que le Luxembourg, en tant que pays enclavé, ait l'opportunité de participer activement au développement des premières îles éoliennes offshore au monde, et puisse ainsi contribuer à ce développement important pour la transition énergétique. Cette coopération avec le Danemark se veut complémentaire à la stratégie nationale qui vise à accélérer le développement des énergies renouvelables au Luxembourg», ajoute le ministre luxembourgeois de l'Énergie, Claude Turmes.

Le projet des îles énergétiques constitue la première étape d'un développement majeur de l'éolien offshore, qui contribuera à réduire les émissions de CO2 dans toute l'Europe. Il augmente l'offre d'énergie verte et aide à réaliser la stratégie européenne ambitieuse en matière d'énergie renouvelable en mer, qui vise à atteindre 300 GW en 2050.