Déi ganz Zeen huet sech um fréie Méindenowend zu Alzéng ofgespillt.

Den Auto, deen a Frankräich ugemellt ass, ass nieft der Fra déi um Vëlo ënnerwee war gefuer an huet des belästegt. De Mann um Bäifuerersëtz wollt dunn d'Fra vum Vëlo stoussen. Een aneren Autofuerer huet dësen Tëschefall bemierkt an huet déi zwee Männer am Auto zur Ried gestallt.

Doropshin huet de Chauffer Pefferspray géint deen aneren Autosfuerer agesat, an ass a Richtung Fréiseng fortgefuer. Der Vëlosfuererin wéi och dem opmierksamen Autosfuerer ass weider näischt geschitt. Den Auto konnt trotz Sich vun der Police net fonnt ginn. Eng Enquête gouf an d’Weeër geleet.