D'EU wëll an Zukunft besser op Pandemie virbereet sinn.

D‘EU-Kommissioun huet ee Mesurekatalog fir de Kampf géint méiglech zukünfteg Pandemie presentéiert. Deemno sollen ënner anerem d’Produktiouns-Kapassitéiten däitlech ausgebaut ginn, sou dass an der EU zu all Moment bis zu 700 Milliounen Impf-Dosisse pro Joer hiergestallt kënne ginn. Ausserdeem soll d’Ausruffe vun engem europawäiten epidemeschen Noutstand méiglech sinn. D’Bréissler Kommissioun huet och virgeschloen, ee Chef-Epidemiolog fir d’EU ze benennen. Iwwert d'Virschléi vun der EU-Kommissioun soll beim nächsten EU-Sommet d'nächst Woch geschwat ginn.