Op Mallorca a Co soll een nees méi laang feiere kënnen.

Mallorca verréckelt wéinst der gudder Coronalag d’Spärstonn no hannen. D’Spärstonn fir Gastronomiebetriber an Nuetslokaler gëtt e Samschdeg den Owend vu 00h00 op 02h00 verluecht. Dat gëllt ënner anerem fir Mallorca, Ibiza a Formentera. Déi nei Reegele wéilt een e Freideg offiziell decidéieren, esou ee Spriecher vun der Regionalregierung.