Dat geet aus enger TNS-Ilres-Ëmfro ervir.

De Logement bleift d’Haaptsuerg vun de Lëtzebuerger, och an der Coronakris. Dat geet aus dem neiste Politmonitor vun TNS-Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort ervir. Allgemeng geet aus der Ëmfro ervir, dass d’Regierung d’Coronakris gutt geréiert hätt, d’Vertraue wier deemno do, dass ee mat dëser Regierung aus der Kris kéim. 60 Prozent vun de Befrote soten iwwerdeems, dass déi sanitär Mesuren wéi Mask, Kontaktlimitatiounen a Couvre-feu si emotional belaascht hätten.