De Parking gëtt wéinst Renovéierungsaarbechten zougemaach.

De Parking "Knuedler" gëtt bis Enn November quasi ganz zougemaach. Dat sot d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Mëttwoch de Mueren um City Breakfast. De Parking ass just fir déi Persoune weiderhin op, déi eng Parkplaz do lounen. De Parking ass deemno fir all Anere vum 21. Juni bis Enn November zou. Dat wéinst Renovéierungsaarbechten.

Weider goung et ëm eng Campagne vun der Stad Lëtzebuerg. Dës huet als Zil d'Unzuel vun de Foussgänger an der Stad ze zielen. Dat fir ze wëssen, wéi vill Leit wéini an der Stad ënnerwee sinn. Dat eemol fir ze kucke wéi d'Stater Gemeng d'Commerce besser kann ënnerstëtzen. Mee och am Ausbléck op gréisser Events, wéi een dann déi verschidde Fluxe vu Leit am Beschten dirigéiere kann esou, dass net ze vill Leit op engem Koup sinn. D'Ziele vun de Leit gëtt mat Hëllef vun de Wifi-Bornen an der Stad gemaach. Aktuell ginn et 800 der Bornen um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg. Dëst Zielen gëtt mat Hëllef vun de MAC Adresse gemaach, déi dës Wifi-Antennen empfänke, wann ee mam Handy laanschtgeet. Dës MAC-Adresse besteet aus Zuelen an ass schonn anonymiséiert. Dës Zuele ginn nach eng zweete Kéier verschlësselt, an d'Donnée ginn och net gespäichert. Bis elo ginn déi Zielungen an der Uewerstad gemaach, an der Alstad, an och am Garer Quartier. Et ginn an Zukunft dann nach weider Zielungen an deenen anere Géigende vun der Stad gemaach.

Ee weidere Punkt war dann een éischte Bilan vun der Campagne mat den zertifiéierte Schnelltester. Dës ginn et jo gratis, a bidden eng Méiglechkeet fir 48 Stonnen ee grénge Covid-Check ze hunn un, wann den Test negativ ausfällt. Am Ganze si vun dëse Bonge bis elo ongeféier 44'200 Stéck verdeelt ginn. Dovun 37'200 un Persounen aus dem Horeca-Secteur. Den aktuellen Informatiounen vun der Stater Gemeng no, si bis elo mat dëse Bongen ongeféier 5'670 zertifiéiert Tester ausgestallt ginn. D'Aktioun leeft nach bis de 15. Juli. Wie vun dëser Offer profitéiere wëll, kann esou ee Bong am Restaurant oder Café ufroen. Aléise kann een dësen an enger vun de 14 Apdikte déi d'Aktioun ënnerstëtzen, der Zitha Klinik, dem Spidol Robert Schuman um Kierchbierg oder och am "Centre de Certification" an der Stater Groussgaass.