D'Lescht Joer hat den Transportminister François Bausch well annoncéiert, dass een zweete Streckeradar kënnt.

Nom éischte Streckeradar tëscht dem Waldhaff a Gonnereng konkretiséiert sech elo den zweete Streckeradar.

En Dënschdeg huet een domadder ugefaangen den zweete Streckeradar op der A13 beim Tunnel Markusbierg ze installéieren.

Wa bis alles fäerdeg installéiert ass, da muss dësen nach calibréiert an homologéiert ginn, esou d'Dany Frank aus dem Transportministère op eis Nofro hin. Duerno kënnt nach eng Testphas.

Am September/Oktober kéint den zweete Streckeradar a Betrib goen, esou d'Dany Frank weider.

RTL

© Eldo Mobile Reporter