Ënner anerem misst e Gesetz, dat d'Co-Locatioun reegelt, geschaaft ginn.

An engem Pressecommuniqué fuerdert d'Jugendorganisatioun vum OGBL, d'OGJ, e Recht op abordabelt Wunne fir déi Jonk. Am Communiqué stellt déi onofhängeg Gewerkschaftsjugend 4 Fuerderungen:

Virop missten déi finanziell Hëllefe fir d'Wunnen un d'Besoine vun deene Jonken ugepasst ginn. Ausserdeem misst eng ëffentlech Organisatioun geschaaft ginn, där hir d'Zil et wier de jonke Leit Zougang zu abordabelem Wunnraum ze erméiglechen. Weiderhi missten déi Jonk besser iwwer déi verschidden Demarchë fir Wunnraum ze fannen informéiert ginn. Schliisslech misst de Pacte Logement 2.0 iwwerschafft gi fir d'Besoine vun deene Jonke besser ze berécksiichtegen. Esou misst ënner anerem e Gesetz, dat d'Co-Locatioun reegelt, geschaaft ginn.