Um Freideg Owend waren zwou Alkoholkontrollen, déi vum Parquet ugeuerdent goufen.

Zu Rëmeleng an der rue des Martyrs huet d'Police tëscht hallwer 8 an 9 Auer am Ganzen 108 Automobilistin kontrolléiert. Hei waren 2 Alkoholtester positiv, ee Führerschäin ass agezu ginn.

An zu Esch-Uelzecht um Boulevard Charles de Gaulle ass tëscht 10 an 11 Auer kontrolléiert ginn. Hei goufen am Ganze 85 Chauffere vun der Police ugehall, een Alkoholtest war positiv.