Nodeems et um Samschdeg Mëtteg waarm an dréche war, zéien um Owend ëmmer méi Wiederen op.

No de summerlech waarmen Temperaturen um Samschde Metten, zéien an den Owesstonnen ëmmer méi Wolleken op an et kann zu deelweis schwéieren Donnerwieder kommen.
Dëst ka begleet si vu Knëppelsteng, stiermeschem Wand a staarkem Reen. Dës Prognos gëllt fir d'ganz Lëtzebuerger Land.

Temperature falen da bis an d'Moies Stonnen och erëm op bis zu 15 Grad.

Um Sonndeg Moie kann et dann nach ëmmer zu Schauere kommen, ma mëttes soll et awer oplackeren an zu engem Mix tëscht Sonn a Wolleke kommen. Um Owend muss een da rëm mat staarkem Reen an och Donnerwiedere rechnen.