Eng 56 Joer al Fra vun Izeg, déi zënter e Samschdeg Owend vermësst gouf, ass fonnt ginn. Dat deelt d'Police e Sonndeg de Moie mat.

Déi 56 Joer al Fra vun Izeg war zënter e Samschdeg den Owend vermësst ginn. Si war e Samschdeg fir d'lescht um Kierchbierg gesi ginn.

Wéi d'Police e Sonndeg de Moie matgedeelt huet, wier d'Fra nees fonnt ginn. Hier géif et gutt goen.