Als éischte Persoun op der Welt ass et dem portugisesche Fussballstar gelongen, d'Zuel vun den 300 Millioune Follower op Instagram ze knacken.

De 36 Joer ale Ronaldo ass déi éischte Persoun, déi d'Zuel vun den 300 Milliounen Abonennten op Instagram geknackt huet. Op sengem Account léisst hie seng Fans net nëmmen u sengem sportlechen, mee och u sengem private Liewen deelhuelen.