Zënter e puer Deeg gëtt vill doriwwer diskutéiert an dir sidd och selwer vläicht betraff: Eng Plo vu Grasmilbe féiert dozou, datt vill Leit zerpickt sinn.

D'Bëss vun de Grasmilben erkennt een dorunner, datt se méi kléng si wéi déi normal Bëss vu Mustiken. Mee si dinn dofir net manner wéi - am Géigendeel, et muss ee sech op d'mannst genee esou krazen.

An dat geet anscheinend enger ganzer Partie Leit esou hei am Land, wéi mir am Gespréich mat enger ganzer Rei Persoune festgestallt hunn. Deemno wieren d'Schlaange virun Apdikten zum Deel riseg laang gewiescht a Crème géint d'Bëss zum Deel ausverkaaft. Dat huet och de Präsident vum Apdikter-Syndikat Alain de Bourcy am Interview mam radio 100,7 confirméiert.

Eldo-Nolauschterer hunn eis och gezielt, datt vill Kanner a Maison Relaisen oder a Crèche vun de Bëss betraff waren. Bei eisen däitschen Noperen zu Saarbrécken war et e Freideg souguer sou schlëmm, datt iwwer 100 Kanner wéinst staarkem Bass a Juckreiz heemgaangen oder -geschéckt gi sinn, och well een am Ufank net wousst, vu wou et kéim.

Dat Thema ass därmoosse viral gaangen, datt och Meteo Remich op Facebook vun enger "Plo vu Grasmilben" geschwat huet. Dës géifen den Ament aus dem Gras erauskommen, well et immens dréchen ass. Se kéinten och an d'Wunnengen erakommen, soudatt vill Leit moies beim Opstoen um ganze Kierper "zerbass" wieren.

Wat hëlleft géint de Bass? 

Zum Deel kënnen d'Bëss bis zu zwou Woche laang krazen.

Meteo Remich betount, et sollt een dowéinst gutt oppassen, wann een an der Natur ënnerwee ass.

Géint d'Kraze kéint een iwwerdeems d'Plaze mat 70%-Alkohol desinfizéieren an duerno mat enger Kortison-Crème behandelen.

Och reegelméissegt Duschen a Kleeder wäsche kann hëllefen.

Vill Leit hunn och zum Deel eng allergesch Reaktioun op d'Hoer vum Eecheprozessiounsspënner. D'Raupe vun dësem Déier hunn Hoer, déi eng allergesch Reaktioun kënnen op der Haut ausléisen. D'Raupe befanne sech virun allem op Eechen - wann ee sech also an der Géigend vun Eechen ophällt an d'Loft bléist, kéint een Hoer an de Kleeder oder op der Haut hunn, wat en Ausschlag kéint ausléisen, esou d'Léa Bonblet vun Natur&Ëmwelt am Interview mam Radio 100,7.

Vill Gemenge maachen och op de Problem opmierksam.