De CGDIS war wéinst der Donnerwieder-Warnung vun e Samschdeg gutt preparéiert. Et koum awer weider zu kenger gréisserer Interventioun.

E Samschdeg hat de Wiederdéngscht Meteolux eng Warnung wéinst méigleche schwéieren Donnerwieder erausginn. Wéinst der "alerte orange" hat de CGDIS entscheed, de Centre de Gestion des Opérations (CGO) mat enger salle de débordement vun 21 Auer un ze aktivéieren. D'Zil war et, eng méiglech Well vun Uriff beim Noutruff kënnen ze antizipéieren.

Schlussendlech hätt d'Donnerwieder awer net zu gréisseren Interventioune geféiert. Wéi de CGDIS e Sonndeg matdeelt, hätt et just eng Partie Interventioune vun de Rettungsdéngschter ginn.