E Samschdeg ass e Mann mat senger Camionnette an eng Gay Pride Parade gefuer. Eng Persoun ass gestuerwen, eng aner blesséiert ginn.

E Samschdeg am Nomëtteg koum et zu engem déidleche Virfall am Bundesstaat Florida (USA). Wärend enger LGBTQ-Parade ass e Mann mat senger Camionnette an d'Parade gefuer.

Et huet ausgesinn, wéi wann d'Camionnette en Deel vun der Parade wier, dowéinst ass och nach net kloer, op et en Accident war oder eng bewosst Aktioun vum Chauffeur. De Chauffeur gouf an Untersuchungshaft bruecht, d'Police suivéiert all Pisten, esou d'Noriichtenagence AFP.

De Mount Juni ass de "Gay Pride Month" a soll op Rechter fir homosexuell Persounen opmierksam maachen.