© LUDOVIC MARIN / AFP
A Frankräich gouf de Couvre-feu déi vun 23:00 Auer owes bis 06:00 Auer moies opgehuewen. Grond ass déi besser Situatioun an der Pandemie déi dëst erlaabt.
D'Ausgangsspär a Frankräich gouf méi fréi opgehuewe wéi geduecht.
Grond dofir si Corona-Neiinfektiounen déi ëmmer méi ofhuelen.
De Couvre-feu ass zënter leschtem Oktober en place gewiescht. D'Mesure hält donieft 10 Deeg méi fréi op wéi ursprénglech geplangt. Um Donneschdeg war a Frankräich schonn d'Maskeflicht am Fräien opgehuewe ginn. Nëmmen a zouene Raim oder am ëffentleche Verkéier muss weiderhin eng Mask gedroe ginn.
De Couvre-feu huet leschtens vun 23:00 Auer owes bis 06:00 Auer moies gegëllt a sollt eigentlech um 30. Juni opgehuewe ginn.
D'Situatioun huet sech awer méi séier verbessert wéi erhofft, esou de Regierungschef Castex. Deemno wier d'7-Deeg-Inzidenz op däitlech ënner 40 Infektioune pro 100.000 Awunner gefall.