© www.pixabay.com
Nodeems viru kuerzem e Gesetz an Ungarn guttgeheescht gouf, dat fir Opreegung suergt, soll d'Allianz Arena zu München a Reeboufaarwe beliicht ginn.
Um leschten Dënschdeg hat d'ungarescht Parlament e Gesetz guttgeheescht, dat d'Informatiounsrechter vu Jugendlechen op de Sujet vun Homosexualitéit an Transsexualitéit aschränkt.
D'Gesetz war e besonnescht Uleies fir den aktuelle Ministerpresident Viktor Orbán. An Däitschland sinn doropshin d'Opfuerderunge fir e Statement dozou opkomm.
Eng Äntwert op dëst Gesetz huet d'Gemeng vu München getraff. D'Parlament fuerdert eng Reebou-Beliichtung fir d'EM-Arena fir de Match Däitschland géint Ungarn. Ob et dozou kënnt muss nach decidéiert ginn. Et wier e wichtegt Zeeche fir Toleranz a Gläichstellung esou den Dieter Reiter vun der SPD deen Oberbürgermeister ass.
En änlecht Zeechen ass am Match géint Frankräich betount ginn ewéi de Kapitän Manuel Neuer d'Kapitänsbändchen a Reeboufaarwe gedroen hat.