An der belscher Stad Beaurain an der Géigend vu Namur si bei engem Tornado 17 Mënsche blesséiert ginn. 10 Haiser sinn net méi bewunnbar.

An der belscher Stad Beaurain an der Géigend vu Namur si bei engem Tornado 17 Mënsche blesséiert ginn.

Méi wéi 90 Gebaier goufe beschiedegt. Déi meescht Blesséierter gouf et an engem Café, wou d'Clienten zu dësem Zäitpunkt op der Terrass souzen. Op Biller ware komplett ofgerappten Diecher ze gesinn, futtis Scheiwen an zerstéiert Autoen. 10 Haiser sinn net méi bewunnbar.

Och an Deeler vu Frankräich hu staarke Reen, heftege Wan a Knëppelsteng fir massive Schued gesuergt. Een Tornado huet d'Spëtzt vun enger Kierch an der klenger Gemeng Saint-Nicolas-de-Bourgueil am Weste vum Land ofgerappt. Et gouf kee blesséiert.