Wärend 4 Woche gouf nom rietsextremisteschen Zaldot Jürgen Conings gesicht, allerdéngs ouni Erfolleg. Elo soll seng Läich fonnt gi sinn.

No 4 Woche soll dem terrorverdächtegen Zaldot Jürgen Conings seng Läich am Oste vun der Belsch fonnt gi sinn.

Enger belscher Zeitung no soll de Buergermeeschter vun der Gemeng Maaseik, de John Tollenaere d'Läich beim Mountainbiken entdeckt hunn. Et gouf bis ewell keng Confirmatioun ob et sech tatsächlech ëm d'Läich vum Conings handelt.

De presuméierte Rietsextremist Jürgen Conings war Enn Mee no senge Morddreeunge géint e prominente Virolog verschwonnen. Deemno sollt de flamännesche Virolog Marc Van Ranst cibléiert gi sinn, deen doropshin a Sécherheet bruecht gouf.

De 46 Joer ale Belsch hat an engem Bréif ëffentlech Strukturen an e Puer ëffentlech Persoune mat engem Uschlag menacéiert. D'Autoritéiten hate gewarnt, datt hien arméier wier, well de Mann direkten Accès op d'Waffe vun der Arméi hat.

No sengem Verschwanne gouf 4 Woche laang intensiv mat Honnerten Zaldoten an deelweis och Helikopteren no him gesicht, allerdéngs ouni Erfolleg.