Um fréie Samschdeg gouf d'Police geruff well e Mann Affer vun engem Trickdéifstall ginn ass. Donieft haten e Puer Chaufferen ze vill gedronk.

Um fréie Samschdeg gouf e Mann géint 03:00 Auer an der rue Bender an der Stad vun engem Passant ugeschwat an an eng Konversatioun verwéckelt.

Nodeems de Passant senger Wee gaangen ass, huet d'Affer misse feststellen, datt him wärend dem Gespréich den Handy geklaut ginn ass. Beim Déifstall gouf keng Gewalt agesat.

D'Police informéiert an deem Kader fir sech géint Trickdéifställ souwéi aner Forme vun Déifstall ze schützen op hirer Internetsäit:

An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg ass der Police vun Esch géint 01:00 Auer en Auto opgefall, deen däitlech lues gefuer ass. Wéi sech bei der Kontroll vum Fuerer erausgestallt huet, stoung dësen ënner staarkem Alkoholafloss. De Won gouf immobiliséiert an de Permis agezunn. De Chauffer gouf protokolléiert.

An der selwechter Nuecht koum et zu Esch zu engem weidere Virfall wou de Permis agezu gouf. Dat well den Automobilist ze vill gedronk hat. Och zu Monnerech gouf war dëst de Fall.