Am Kader vu sengem Fluch um 20. Juli an den All goufe Petitioune lancéiert, déi de Retour op d'Äerd vum Jeff Bezos solle verhënneren.

Méi wéi 41.000 Leit hunn eng Petitioun ënnerschriwwen, déi fuerdert, datt de Jeff Bezos bei sengem Fluch an den All net méi zeréckkomme soll.

De Bezos, Grënner vun der Raumfaartfirma Blue Origin hat um 7. Juni annoncéiert, datt hien a säi Brudder um 20. Juli an den All fléie wäerten. Et wäert der Firma hiren éischten, bemannte Fluch sinn.

3 Deeg no dëser Annonce goufen zwou Petitioune lancéiert fir säi Retour op d'Äerd ze verhënneren. Béid hunn an 10 Deeg dausenden Ënnerschrëfte gesammelt.

Méi wéi 23.000 Leit hunn eng Petitioun mam Titel (op englesch) "Do not allow Jeff Bezos to return to Earth.", ënnerschriwwen. Béid sinn op dem ënnen, mentionnéierte Link ze fannen.

Der Internetsäit no wiere béid Petitiounen déi gréisste Petitiounen, sollten se 25.000 Ënnerschrëfte sammelen.