Aktuell ginn et bei den 3 Zorte vum medezinesche Cannabis hei am Land Enkpäss.

Den Ament ginn et hei am Land Enkpäss beim medezinesche Cannabis. Dat äntwert  d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Sven Clement vun der Piratepartei. Wéi et an der Äntwert vun der Ministesch heescht, géife bei den 3 Zorte vu medezineschem Cannabis, déi op Lëtzebuerg geliwwert ginn, den Ament Enkpäss virleien. Vir Enkpäss bei de Liwwerungen ze verhënneren, hätt een Enn 2020 eng nei Ausschreiwung fir Liwweranten ze fannen, publizéiert. Vun den Offeren, déi doropshi bei der Santé agaange sinn, waren der e puer net zoulässeg. Vun den Zoulässegen, hat iwwerdeems keng mat de Critère vum Cahier des Charges iwwerteneegestëmmt. Doropshin hätt een eng weider Offer ausgeschriwwen. Bis ewell hätt een awer nach keng gëeegent Fournisseure fonnt.