An engem oppene Bréif stellt "Natur an Ëmwelt" ënner anerem d'Fro, ob den ëffentlechen Transport tëscht Fréiseng an Hesper net ausbaue kéint.

D'Ëmweltschutzorganisatioun "Natur an Ëmwelt" huet eng Partie Kritikpunkten um geplangten Hesper Contournement. Dës Punkten huet d'Organisatioun an engem oppene Bréif un de Mobilitéitsminister François Bausch formuléiert. Ënner anerem bemierkt Natur an Ëmwelt, dass et mat der A3 an der A13 scho Méiglechkeete géife ginn, fir d'Gemeng Hesper ze ëmfueren. Et géif een sech dowéinst d'Fro stellen, firwat elo net emol 5 Kilometer vun dësen Autobunnen en neie Contournement entstoe misst. Weiderhi géif ee sech d'Fro stellen, ob een den Trafic tëscht Fréiseng an Hesper net op aner Aart a Weise reduzéiere kéint. Zum Beispill andeems een den ëffentlechen Transport ausbaue géif.