Ënner anerem fuerdert d'Claudia Monti, dass bei deene Jonke verstäerkt op d'Preventiounsaarbecht gesat gëtt.

D'Ombudsfra Claudia Monti ass géint en Ausbau vun der Sécherheetsunitéit vum Jugend-Prisong zu Dräibuer.

Dat deelt d'Ombudsfra an engem Pressecommuniqué mat. Wéi et an Dësem heescht, wier et wuel wouer, dass den UNISEC den Ament ausgelaascht wier. D'Haaptgrënn dofir wieren d'Pandemie vum Coronavirus, den Drogekonsum ënnert de Jonken an e groussen Undeel vun Net-Residenten, déi den Ament an der Unitéit ënnerbruecht wieren.

Besonnesch d'Pandemie an d'Restriktiounen, déi duerch Dës agefouert goufen, hätten deene Jonken ze schafe gemaach. Esou wieren ënner anerem déi ausserschoulesch Aktivitéiten ausbliwwen an et hätte méi Leit d'Schoul ofgebrach. Ausserdeem wier et wärend der Pandemie méi oft zu Konflikter ënnerhalb vun de Famille komm. Dës an aner Facteuren hätten de Parcours vun deene Jonken negativ beaflosst.

D'Léisung vum Problem wier allerdéngs net d'Sécherheetsunitéit auszebauen. Villméi misst e Konzept fir den Accueil an d'Prise en Charge vun deene Jonken ausgeschafft ginn. Ausserdeem misst méi staark op Preventiounsaarbecht gesat ginn.