D'Discoe ware méi wéi 1 Joer laang zou.

Vum 9. Juli un dierfen a Frankräich d‘Discoen nees opmaachen. Dës ware wéi hei zu Lëtzebuerg zënter Mäerz d’läscht Joer wéinst der Corona-Pandemie zou. Do dernieft si vum 30. Juni un nees Concerten am Stoen erlaabt, esou déi franséisch Kulturministesch e Méindeg virun der Press.