Bis 2030 soll an der EU nom Wëlle vun den EU-Staaten kee méi ouni Daach iwwert dem Kapp sinn.

An enger Deklaratioun verflichten sech all déi 27 Memberstaaten op konkret Schrëtter, fir dëst Zil ze erreechen. Der EU-Kommissioun no schlofen de Moment ronn 700.000 Mënschen an Europa all Nuecht op der Strooss, 70 Prozent méi wéi nach virun 10 Joer.

"Et wier absurd, dass um räichste Kontinent vun der Welt honnertdausende Mënschen op der Strooss misste liewen", esou de Lëtzebuerger EU-Kommissär fir Beschäftegung a sozial Rechter Nicolas Schmit zu Lissabon.