© CGDIS
30 Pompjeeë waren op der Plaz fir d'Affer nom Accident ze retten.
E Méindeg war et am Park 3 Eechelen zu engem gréisseren Asaz vum CGDIS komm. Wéi de CGDIS op Twitter matdeelt war eng Persoun hei 15 Meter an d'Déift gefall. 30 Pompjeeë wieren op der Plaz gewiescht fir déi betraffe Persoun ze retten. Iwwerdeems hätten 2 Zeien déi den Accident beobacht hate psychologesch Hëllef gebraucht.