© pexels.com
D'Aféierung vun den Tele-Consultatioune kéint ee Grond fir d'Hausse vun de Consultatioune bei deene Jonke gewiescht sinn.
Zejoert hate 6.689 Persounen hei am Land op d'mannst eng Consultatioun bei engem Psychiater. Dat äntwert de Sozialminister Romain Schneider op eng parlamentaresch Fro vun den Deputéierte Mars di Bartolomeo a Georges Engel vun der LSAP. Géigeniwwer 2019 war dës Zuel ëm 2,1 Prozent geklommen.
Virun allem Zuel vun de Jonken déi zejoert eng Consultatioun bei engem Psychiater hate war zejoert méi héich ewéi am Joer virdrun. Bei de Leit ënner 19 Joer haten der am Joer 2020 758 op d'mannst eng Consultatioun bei engem Psychiater. 2019 waren et der nach 657. Dat mécht eng Hausse vu 15,4 Prozent aus. Bei de Persounen am Alter vun 20 bis 29 Joer haten zejoert 702 op d'mannst eng Kéier e Psychiater opgesicht. 2019 waren et der nach 646. Bei den Alterskategorien iwwer 50, war d'Zuel vun de Persounen, déi zejoert eng Consultatioun bei engem Psychiater haten iwwerdeems méi niddereg ewéi nach 2019.
Wéi et an der Äntwert vum Minister heescht, kéint d'Aféierung vun den Tele-Consultatiounen ee Grond fir dës Hausse vun de Consultatioune bei deene Jonke gewiescht sinn. Bei de Leit am Alter vun 20 bis 29 Joer hate 40 Prozent vun de Leit, déi eng Consultatioun haten, Dës iwwer Distanz. Bei de Leit am Alter vun 30 bis 39 Joer waren et der esouguer 48 Prozent. Zum Verglach: Bei de Patienten am Alter vu 60 bis 69 louch dësen Taux nëmme bei 31,5 Prozent.