Dëst Joer gouf d’Zeremonie vun Nationalfeierdag nees am klenge Krees gefeiert.

D’Zeremonie vun Nationalfeierdag gouf dëst Joer nees beim Monument national de la Solidarité luxembourgeoise um Kanounenhiwwel organiséiert. De Premier Xavier Bettel, d’Regierungsmemberen, d’Deputéiert an d’Membere vum Schäffen- a Gemengerot vun der Stad waren ënner anerem dobäi. Och de Chef vum Etat-Major vun der Arméi an den Direkter vun der Police hunn un der Zeremonie deelgeholl.

De Grand-Duc Henri gouf géint 11 Auer vum Chamberpresident Fernand Etgen, vum Xavier Bettel a vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer empfaangen. Donieft goufen et Riede vum Premier, vum Chamberpresident a vum Groussherzog. No der Zeremonie goufe wéi gewinnt 21 Kanouneschëss vum Fetschenhaff aus geschoss.

De Grand-Duc Henri huet a senger Ried deene Leit déi am Gesondheetssecteur schaffen Merci fir hiren Asaz gesot. Donieft gouf wärend enger Gedenkminutt un den 818 Affer vum Covid-19 zu Lëtzebuerg geduecht. Domat huet de Groussherzog säi perséinlecht Bäileed un all de Famillen ausgedréckt déi e Mënsch an der Pandemie verluer hunn. Hien huet dorun erënnert dass d’Regierung eng Zeremonie fir d’Affer organiséiere wäert.

RTL

© SIP / Sophie Margue

De Premierminister Xavier Bettel huet d‘Solidaritéit an den Erfolleg vun der Impfcampagne zu Lëtzebuerg ënnerstrach. Ënner anerem d’Teststrategie huet de Xavier Bettel gelueft an den Equiliber tëscht den Aschränkungen an de Fräiheeten. De Premierminister huet deene Leit Merci gesot déi an den essentielle Secteure schaffen an huet d’Wichtegkeet vum Relance-Pak "Neistart Lëtzebuerg" erkläert.

RTL

© SIP / Sophie Margue

De Chamberspresident Fernand Etgen wollt och de Jonke Merci soen déi wärend der Kris op Villes verzicht hunn an d’Reegele respektéiert hunn. Donieft huet hien ënnerstrach dass d’Institutiounen zu Lëtzebuerg gutt zesummegeschafft hunn wärend dëser Kris. D’Demokratie wier an esou Zäiten immens wichteg.

De Replay vun der Zeremonie kënnt dir hei kucken