© Eldo
Um Virowend vun Nationalfeierdag koum et zu enger Partie Accidenter bei deenen ënner anerem Motocycliste blesséiert goufen.
En Dënschdeg géint 17h00 ass e Motocyclist an der Stad an der Rue du Fort Niedergrünewald gefall a gouf blesséiert. Bal zäitgläich ass en anere Motocyclist op der N7 tëscht Miersch an dem Rouscht gefall. Dëse gouf och verwonnt.
Géint Mëtternuecht ass en Auto an e Bam gerannt. Dëst tëscht der Rue d’Anvers an der Rue de la Semois an der Stad. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. E Mëttwoch kuerz viru 4h00 huet de CGDIS dann en accidentéierten Auto zu Housen mat engem Blesséierte gemellt.