© AFP/Carl DE SOUZA
De Weltklimatrot IPCC huet an engem Rapport virgestallt wéi d’Welt kéint ausgesi wann d’Paräisser Klima-Ofkommes net respektéiert gëtt.
Wann een d’Äerderwiermung net an de Grëff kritt, da kéint dat schro Konsequenze fir d’Mënschheet hunn. Dat huet de Weltklimarot am Entworf vun engem Rapport matgedeelt deen der Noriichtenagence AFP virläit. Wann d’Äerd ëm 2 Grad méi waarm gëtt da kéinte 420 Millioune Mënsche vun de Hëtztwelle betraff ginn. Donieft kéint bis 2050 en Hongerrisiko bei bis zu 80 Millioune weidere Mënschen erwaart ginn.
An deem Kader wier een net op déi Verännerunge virbereet, esou d’Experten. Den definitive Rapport soll net viru Februar 2022 verëffentlecht ginn. De Weltklimarot IPCC gouf 1988 gegrënnt. Seng Aufgab ass et politesch neutral ze sinn an iwwer Erkenntnisser zu de Klimaverännerungen z'informéieren.