D’Organisateuren hunn e Mëttwoch nei Reegele fir d’Spectateure vun den Olympesche Spiller vu Tokio verëffentlecht.

Ënner anerem wäert Alkohol verbuede sinn, d’Spectateuren dierfe sech net an den Aarm huelen oder eng Victoire feieren. Donieft sinn Autogramme verbueden. D’Ambiance déi am Normalfall bei den Olympesche Spiller ass, soll komplett gestoppt ginn, esou d’Organisateuren.

E Méindeg gouf annoncéiert dass e Maximum vun 10.000 Spectateuren deelhuele kënnen. Mee et soll een sech net dat selwecht Bild erwaarde wéi op der Fussball-EM. Tëscht dem 23. Juli an dem 8. August ginn d’Olympesch Spiller zu Tokio organiséiert. De COSL hat en Dënschdeg d’Lëscht vun de Lëtzebuerger Athlete verëffentlecht déi op Tokio reesen.