Zu Roum hate Polizisten e Paschtouer protokolléiert well d'Kanner op déi hien opgepasst hat, ze vill Kaméidi gemaach hunn.

Polizisten zu Roum hunn e Paschtouer protokolléiert well Kanner déi hie surveilléiert huet ze vill Kaméidi gemaach hunn. D'Polizisten hunn awer aus privatem Akt vu Solidaritéit de Protokoll selwer bezuelt.

D'Poliziste goufe bei an de Bezierk Santa Maria Immacolata um Méindegowend geruff, nodeems Noperen sech iwwert de Kaméidi dee vun der Spillplaz koum, beschwéiert haten.

Well d'Infraktioun awer ze grouss wier, hunn d'Poliziste kee Choix gehat wéi e Protokoll vun 300 Euro auszestellen, esou e lokale Spriecher géintiwwer der AFP.

Wéi et heescht haten sech d'Poliziste vun der Aurelio Statioun aus Solidaritéit zesummegedoen an d'Käschten ënnert sech gedeelt.

De Paschtouer hat sech schockéiert gewisen, datt hie protokolléiert gouf well Kanner gespillt haten op déi hien opgepasst hat. Ma och wann dëst vill Negatives hat, huet et vill Positives mat sech bruecht.