© www.pixabay.com
Well sech en Deel vum Personal aus engem Spidol an Texas an den USA net wollt géint Covid-19 impfe loossen, goufen si no kuerzer Zäit entlooss.
Méi wéi 150 Salariéë vun engem vun de gréisste Spideeler am Bundesstaat Texas an den USA goufen entlooss oder hunn demissionéiert well sid'Obligatioun vum Corona-Vaccin refuséiert hunn, esou e Spriecher vum Spidol.
D'Spidol hat dem Personal bis de 7. Juni Zäit gi fir en Impfbeweis virzeleeën. Eng éischt Injektioun wier valabel gewiescht. Ma en interne Memo hat preziséiert, datt déi wou dëser Opfuerderung net géifen nokommen, fir 2 Woche géife suspendéiert ginn an dann entlooss.
De Spriecher, Gale Smith huet um Dënschdeg der Noriichtenagence AFP gesot, datt 153 Employéen deemno demissionéiert hunn wärend der Suspensioun oder um Dënschdeg entlooss goufen.
Salariéen déi awer wärend der Suspensioun der Opfuerderung fir eng Vaccinatioun nokomm wieren, dierften um Enn vun dëser Period nees schaffe kommen.
Aner Employéeën hätten eng Plainte deposéiert well hirer Usicht no d'Impfflicht illegal wier. Dëst well d'Impfstoffer nëmmen an engem Kader vun der Urgence approuvéiert goufen.
D'Klo gouf awer refuséiert. Eng weider Persoun hat geklot a behaapt, datt d'Menace hir Aarbechtsplaz ze verléiere vergläichbar mat den Experimenter zu der Zäit vum Holocaust wieren.