An engem Projet de loi gesäit Italien eng Gläichsetzung vun Diskriminéierung vun net-heterosexuelle Persoune mat Haass vir.

De Vatikan fuerdert vun der italienescher Regierung d'Ännerung vun engem Projet de loi, mat deem net-heterosexuell Persoune viru Beleidegungen a Gewalt solle protegéiert ginn.

An engem Bréif gëtt op eng Infraktioun géint e Kontrakt higewisen, deen de Vatikan am Joer 1929 mat Italien decidéiert hat. Et geet donieft och konkret dorëm, datt de Vatikan fäert, d'Meenungsfräiheet kéint ageschränkt ginn.

D'italienescht Parlament beschäftegt sech aktuell mat dësem Projet de loi a gesäit eng Equivalenz zum Code Penal vir. D'Diskriminéierung vun net-heterosexuelle Mënsche soll deemno wéi Haass behandelt ginn, deen aus rassisteschen oder reliéise Grënn geschitt.