© Police
D'Onglécksursaach muss nach gekläert ginn.
Zu engem déidleche Verkéiers-Accident ass et e Mëttwoch op der A3 tëscht der Opfaart Léiweng an dem Beetebuerger Kräiz a Richtung Frankräich komm.
Géint 16h00 gouf eng Fra, déi virdrunner an engem Auto souz deen eng Pann hat, aus bis ewell ongekläerter Ursaach vun engem Won erfaasst.
D’Fra déi a Frankräich wunnt, ass nach op der Plaz verstuerwen.
De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht op d'Plaz geschéckt.