Eng Fra krut ënnert anerem 3 Joer Prisong op Sursis.

An den USA gëtt et een éischte Scholdsproch wéinst dem Erstierme vum Kapitol zu Washington am Januar. Ee Riichter huet eng Fra aus dem Staat Indiana zu 3 Joer Prisong op Sursis, 120 Sozialstonnen a 500 Dollar Entschiedegung verurteelt. D’Fra hat wärend dem Prozess zouginn, an de Kapitol agedrongen ze sinn. De 6. Januar hate ronn 800 Trump-Unhänger de Kapitol erstiermt.