Iwwer 22.000 Mënschen hunn sech bei der ESA gemellt, fir eng Astronauten-Ausbildung kënnen ze maachen.

Ronn 22.600 Mënsche wëllen an de Weltall. Esou vill Bewerbungen si bei der europäescher Weltraum-Agence ESA fir d’Astronauten-Ausbildung agaangen. Der ESA no hunn sech dës Kéier och däitlech méi Frae gemellt wéi bei der läschter Ausschreiwung am Joer 2008. Hei aus Lëtzebuerg hunn sech iwwregens 65 Leit gemellt, 12 Fraen an 53 Männer. Nei ass dass och Para-Astronaute gesicht ginn. 257 Mënsche mat Behënnerung hunn sech gemellt, een dovunner aus Lëtzebuerg.