Den Educatiounsministère huet de Bilan vun der Situatioun vum Coronavirus an de Lëtzebuerger Schoulen a Lycéeë gemaach.

Tëscht dem 14. an dem 20. Juni goufen et am Ganzen 38 Fäll vum Coronavirus an de Lëtzebuerger Schoulen a Lycéeën. Dat deelt den Educatiounsministère en Donneschdeg an engem Communiqué mat. Géigeniwwer der Woch virdrun ass d'Zuel vun de Fäll vum Covid-19 an de Lëtzebuerger Schoulen a Lycéeën ëm 21 gefall.

26 mol hat et sech bei de Fäll vum Coronavirus an de Lëtzebuerger Schoulen a Lycéeën d'lescht Woch ëm en Zenario 1 gehandelt. Hei konnt mat Sécherheet festgestallt ginn, dass déi Betraffen sech baussent der Schoul ugestach haten an, dass et och net zu enger Iwwerdroung vum Virus ënnerhalb vum Schoulgebai komm war. D'lescht Woch war et an 11 Lycéeën an an engem Kompetenzzenter zu engem Zenario 1 komm.

2 Fäll haten engem Zenario 2 entsprach. Hei goufe maximal 2 Persounen an der nämmlechter Klass positiv getest, woubäi net eendeiteg konnt nogewise gi wou si sech infizéiert haten. Dat war d'lescht Woch an 2 Lycéeën de Fall.

Bannent der leschter Woch war et a kenger Lëtzebuerger Schoul an a kengem Lycée zu engem Zenario 3 komm.

Allerdéngs war et an enger Grondschoul zu Fréiseng zu engem Zenario 4 komm. Nodeems hei 2. Enseignante vun engem Cycle 4.2 an engem Cycle 4.1 positiv op de Coronavirus getest goufen, waren hei tëscht dem 15. an dem 23. Juni 12 weider Persoune positiv getest ginn.

Hei fannt dir weider Detailer:

COVID-19: Évolution de la situation dans les écoles luxembourgeoises entre le 14 et le 20 juin 2021 (24.06.2021)

Communiqué par: ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

Le bilan chiffré des élèves et enseignants testés positifs à la COVID-19 se rapporte à l’ensemble des établissements scolaires de l’enseignement fondamental/primaire et secondaire public et privé et des Centres de compétences en psychopédagogie spécialisée situés sur le territoire du Luxembourg.

Dans la semaine du 14 au 20 juin 2021:

  • on observe une diminution (-21) du nombre de cas positifs par rapport à la semaine précédente: le nombre total de cas est en effet passé de 59 à 38;
  • 26 cas positifs correspondant à un scénario 1 ont été dénombrés dans neuf écoles fondamentales, 11 lycées et un centre de compétences (scénario 1: élève ou enseignant infecté à l’extérieur de l’école sans qu’il n’y ait eu une propagation du virus à l’école);
  • deux cas positifs correspondant à un scénario 2 ont été constatés dans deux lycées (scénario 2: deux cas positifs dans une classe avec une source d’infection incertaine ou vraisemblablement extérieure à la classe);
  • trois cas positifs correspondant à scénario 3 ont été identifiés dans un lycée (scénario 3: trois à cinq cas positifs dans une classe);
  • un scénario 4 est apparu (scénario 4: chaine d’infection).

Le détail de la situation entre le 14 et le 20 juin 2021 est repris dans le communiqué ci-après.