© Eldoradio
Nodeems zu Ischpelt Morddreeunge geäussert goufen, hat d'Spezialeenheet vun der Police eng Perquisitioun duerchgefouert.
Wéi d'Police matdeelt wier en Dënschdeg am fréien Owend zu Ischpelt eng Morddreeung ausgeschwat ginn. Doropshin hat de Parquet Perquisitiounen zu Ischpelt ugeuerdent. Well de Verdacht bestanen huet, dass eng vun de Persounen, déi d'Dreeung geäussert hat, bewaffent ass, gouf eng vun de Perquisitioune vun der Spezialeenheet vun der Police duerchgefouert. Kuerz no 22h00 Auer en Dënschdeg den Owend konnten déi zwee presuméiert Auteure vun der Dreeung festgeholl ginn. Am Kader vun der Perquisitioun goufen ënner anerem eng Schosswaff an 350 Gramm Cannabis-Produite séchergestallt.
Béid Persoune goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter. Dësen huet en Haftbefeel géint si ausgeschwat.