Vun der nächster Saison un wäert d'Auswäertsgol-Reegel an der Champions- an an der Europaleague ewechfalen.

Vun nächster Saison un, wäert et an der Championsleague an an der Europaleague keng Auswäertsgol-Reegel méi ginn. Dat huet déi europäesch Fussballfederatioun "UEFA" en Donneschdeg matgedeelt. Deemno wäert d'Unzuel vun de Goler, déi eng Equipe auswäerts geschoss huet, net méi doriwwer entscheede wéi eng Equipe am Fall vun engem Gläichstand déi nächst Ronn erreecht.