© www.pexels.com
Fir déi allgemeng Bevëlkerung wier eng Opfrëschung all zwee Joer noutwenneg. Dat geet aus engem interne Pabéier ervir.
D’Weltgesondheets-Organisatioun geet dovunner aus, dass besonnesch vulnerabel Leit, all Joers eng Impf-Opfrëschung géint de Coronavirus brauchen. Dat géif z.B. fir déi méi eeler Leit gëllen. Fir déi allgemeng Bevëlkerung wier eng Opfrëschung all zwee Joer noutwenneg. Dat geet aus engem interne Pabéier ervir. Et wier deemno mat neie Variante vum Coronavirus ze rechnen, an d’Impfstoffer misste reegelméisseg ugepasst ginn, heescht et weider. Am schlëmmste Fall mist sech all Geimpften op eng Opfrëschung pro Joer astellen.