Am Südoste vun Tschechien huet een Tornado a 7 Dierfer ganz vill Schued ugeriicht.

Op d’mannst 3 Mënschen sinn ëm d'Liewe komm an op d'mannst 63 Mënsche sinn duerch den Tornado blesséiert ginn. Den Tornado huet vill Haiser komplett zerstéiert. Autoe si ronderëm geschleidert ginn. Den Tornado hat Wandvitesse bis zu 320 Kilometer an der Stonn. D’Situatioun dohanne wier wéi an engem Krich, esou ee Minister.