2 Persoune goufe beim Sträit liicht blesséiert.

Géint 21h00 en Donneschdeg den Owend war et an der Avenue de la Liberté zu Déifferdeng zu enger gewaltsamer Ausenanersetzung tëscht 4 Persoune komm. Schonn éier d'Patrull vun der Police op der Plaz war, konnten déi 4. Persoune vu Passante vunenee getrennt ginn. Zwee vun de Bedeelegten hate beim Sträit liicht Blessuren dovugedroen. Si goufen op der Plaz vun de Secouriste versuergt an duerno fir e Verhéier op de Policebüro bruecht. Bei hinne gouf eng Gaspistoul an 2 Messere séchergestallt a confisquéiert. D'Beamten haten e Rapport iwwer den Tëschefall geschriwwen.