Zu Hollerech an zu Heischent haten 2 Automobilisten hire Führerschäi verluer well si ze vill gedronk haten.

Kuerz virun 21h00 en Donneschdeg den Owend gouf der Police e Verkéiersaccident mat Farerflucht zu Hollerech gemellt. En Autofuerer war hei mat sengem Auto an engem Rond-Point accidentéiert. Beim Accident waren 2 Pneue vum Auto geplatzt. Ausserdeem waren d'Airbagge vum Auto opgaangen. De Chauffer war nom Accident weidergefuer. Am Garer Quartier gouf hien dunn vun enger Patrull vun der Police ugehalen a kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäi gouf agezunn.

Schonn um 20h00 en Donneschdeg den Owend war der Police en Automobilist zu Heischent wéinst sengem geféierleche Fuerstil gemellt ginn. Eng Patrull vun der Police hat de Chauffer kuerz drop ugehalen an hie kontrolléiert. Dobäi hat sech erausgestallt, dass Dësen ze vill gedronk hat. Ausserdeem war säin Auto net verséchert, de Contrôle technique war zënter e puer Méint ofgelaf an d'Steiervignette war net bezuelt. Doropshi gouf dem Mann säi Permis agezunn an den Auto gouf immobiliséiert. Ausserdeem gouf eng Plainte gemaach.