Déi lescht Woch louch den Inzidenzwäert zu Lëtzebuerg bei 14 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner.

Den europäeschen Zenter fir d'Kontroll a Preventioun vu Krankheeten (ECDC) huet Lëtzebuerg nees als Gebitt mat enger niddereger Inzidenz vum Coronavirus klasséiert. Wéi d'Santé op Twitter matdeelt, hätt den Inzidenzwäert vum Virus hei am Land d'lescht Woch bei 14 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner geleeën. Lëtzebuerg ass op der interaktiver Kaart vum ECDC deemno nees als gréng Zone agedroen.