Eng italienesch Zeitung soll Aussoe vun engem Representant vun der EMA falsch erëmginn hunn.

Déi Europäesch Medikamentenagence huet NET dozou geroden d'Impfunge mat Astrazeneca generell auszesetzen. Dat äntwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Jeff Engelen vun der ADR. Deemno wier den Androck, dass d'EMA vun enger Impfung mat AstraZeneca ofgeroden hätt, entstane well eng italienesch Zeitung Aussoe vun engem Representant vun der Agence falsch erëmginn hat. D'EMA selwer hätt awer op Twitter kloer gestallt, dass de Benefice vum Vaccin vun AstraZeneca, de Risk vun Dësem sengem Asaz bei Leit iwwer 18 Joer bei Wäitem iwwertreffe géif. Lëtzebuerg wäert de Vaccin dowéinst weiderhi bei erwuessene Leit asetzen. Dat ënner Berécksiichtegung vun Dësen hirer medezinescher Virgeschicht.