Bei enger Messerattack zu Würzburg sinn dräi Persoune gestuerwen. Fënnef weider Persoune goufe schwéier blesséiert.

Um Freidegowend koum et am Zentrum vu Würzburg an Däitschland zu enger Messerattack. Den Täter huet dobäi dräi Persounen ëmbruecht a fënnef weider schwéier blesséiert.

Den Täter gouf vun der Police festgeholl, nodeems déi op hie geschoss huet an hien dobäi blesséiert gouf. De 24-järege Mann war zum Zäitpunkt vun der Dot a psychiatrescher Behandlung. Schonn an deene leschte Méint ass de Mann duerch säi gewalttätegt Verhalen opgefall.

Een islamisteschen Hannergrond vun der Dot gëtt de Moment nach net ausgeschloss. Een Zeien huet uginn, dass den Täter islamistesch Wierder wärend der Dot geruff huet.

An deem Kader goufen e Samschdeg de Mëtteg weider Informatiounen zu der Dot op enger Pressekonferenz matgedeelt. Den Täter hat e Freideg géint 17h00 no engem Messer an engem Geschäft gesicht, esou déi däitsch Police. Hien huet sech dunn e Messer geholl an eng Verkeeferin ugegraff déi op der Plaz gestuerwen ass. Um Wee aus dem Geschäft huet de 24-Järegen nach zwou weider Fraen ëmbruecht. D’Iwwerwaachungskameraen hu confirméiert dass et sech ëm een eenzegen Täter gehandelt huet. D’Motiv ass awer nach ëmmer onbekannt.

De Parquet huet deemno en Haftbefeel wéinst dräifachem Mord a wéinst versichtem Mord a geféierlecher Kierperverletzung a 6 weidere Fäll erausginn. Den Inneminister vu Bayern Joachim Hermann huet d’Aktioun vun der Police a vun de Rettungsdéngschter komplimentéiert. De Ministerpresident vu Bayern Markus Söder huet vun engem schlëmmen Amoklaf geschwat.